Europaforum Luxembourg
Adresse web (URL) de la page imprimée : http://www.europaforum.public.lu/fr/actualites/2006/05/lcd/index.html?
RETOUR vers la page d'origine
Éducation, formation et jeunesse - Europaforum
Europaforum.lu – d’Schüler aus de Lycéen vum Norden soen hir Meenung iwwert d’Europa vun haut a muer
26-05-2006
(version imprimable)
Europaforum.lu – d’Schüler aus de Lycéen vum Norden soen hir Meenung iwwert d’Europa vun haut a muer
26-05-2006
Nodeems am Kader vun der Initiativ „europaforum.lu“ eng éischt Diskussioun mat ronn 150 Schüler den 22. Februar am LGE zu Esch-Uelzecht stattfonnt hat, war den delegéierten Ausseminister Nicolas Schmit den 9. Mee, also um Europadaag en enger Klass vum LGL an huet sech de Froen vun deene Jonke gestallt; zwee Deeg méi spéit hat hien e Gedankenaustausch mat enger Klass vum Lycée Josy Barthel vu Mamer. Déi rézentsten grouss Débatt war den 23. Mee am LCD zu Dikerech. Ronn 120 Schüler vun 3e an 2e oder 11e an 12e aus dem LCD selwer, dem Lycée technique vun Ettelbreck, dem Lycée technique privé Ste Anne vun Ettelbreck an dem Lycée du Nord vu Woltz haten sech mat hieren Enseignanten op dës Diskussioun virbereet an de Sall war zimlech wibbeleg wéi den Här Direkter Bohnert vum LCD als Haushär deene Jonken an de geluedene Gäscht en häerzleche Wëllkomm ginn huet.
Fir deene siichtlech interesséierte Jonken Ried an Äntwert ze stoen an si gläichzäiteg ze encouragéieren och ënnert sech ze débattéieren, haten sech niewent dem Minister Schmit an dem Direkter Bohnert, och nach afonnt den Här Nic. Michels, Buergermeeschter vun Dikerech, den Här Francis Schartz, Direkter vum LTEtt, d’Madame Sabine Augustin, Direktesch vum Lycée privé Ste Anne, den Här Ernst Moutschen, Chef vun der Représentatioun vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg, d’Madame Myriam Bamberg an den Här Mike Engel, vum Educatiounsministär, a Vertriedung vun der Ministesch Mady Delvaux.
De Jerry Philipps, Ambassadeur am Ausseministär, huet als Moderateur duerch d’Versammlung gefouert.
Den delegéierten Ausseminister huet sech am Viraus op eng flott Diskussioun gefreet an huet deene Jonken un d’Härz geluecht hier Iddien a Gedanken fräi virzebréngen, hien selwer wier net komm fir laang Rieden ze halen mee fir ze lauschteren, ze äntweren oder spontan ze réagéieren. Am Laf vun deenen zwou Stonnen déi de Meeting gedauert huet si folgend Haapthemeberäicher zur Sprooch komm:
D’Plaz an d’Roll vun Europa an der Welt
Gläich am Ufank hunn e puer Schüler knallhaart d’Relatiounen an den Handel vun Europa mat ondemokratesche Länner a Fro gestallt. Et kéint dach net sin, datt d’Regierungen méi op d’Interessie vun der Industrie an dem Grousskapital géife lauschteren wéi op d’elementar Grondrechter vun de Bierger vun deenen Diktaturen ze uechten. Besonnesch China ass an deem Zesummenhang genannt ginn.
Et gouf gefrot firwaat nët méi wirtschaftlechen a politischen Drock vun der EU gemaach gëtt a Saache Menscherechter, als Konditioun vu politescher a wirtschaftlecher Zesummenaarbecht?
De Minister huet geäntwert, datt d’EU an hier Memberstaten sech der Mënscherechtssituatioun an den demokrateschen Defiziter an deene verschiddenste Länner wuel bewosst sinn, mee dass et keng einfach Äntwert an eiser komplizéierter Welt ka ginn. Op där enger Säit entwéckelen Wirtschaft, Industrie a Kapital hir eegen Dynamik a fonktionnéieren no Gesetzer a Kräften, déi wäit iwwert d’Politik eraus ginn.
An dësem Sënn ass e vereenegt Europa vill besser an der Laag deene weltwäit aktiven ëkonomesch Kräften entgéintzewierken wéi eenzel Staten. De Minister huet ënnerstrach, datt mer hei vun den negativen Effeten vun der Globalisatioun schwätzen. Et sollt een zwar nët vergiessen, datt déi selwecht Globalisatioun och hier gudd Säiten huet, andeems si weltwäit de Länner besser Méiglechkeete gëtt hier Produkter a Servicer unzebidden.
Anerersäits sollte mer och nët vergiessen, dass ët an der Regel méi sënnvoll ass, mat ondemokratesche Staten a Relatioun ze sinn a mat hinnen bis zu engem gewësse Mooss zesummenzeschaffen, an doduerch dann lues awer sécher derzou bäidroen, datt déi Länner sech opmaache an datt d’Mentalitéiten am Kontakt an am Austausch matt Aaneren changéieren. D’Mënscherechtssituatioun wier och regelméisseg en Thema wann Politiker aus den EU-Länner sech matt Politiker aus Staten ewéi China treffen.
Eng nächst Fro, déi et an sech hat: Firwaat subventionnéieren d’Europäer (an d’Amerikaner) hir Agrarprodukter onmoosseg a verkafen se dann rücksichtslos an zu konkurrenzlos niddrege Präisser an d’Entwécklungslänner a ruinéieren domadder deenen Ëkonomien hir Chancen hir eege Produkter ze verkafen ? De Minister huet wuel zouginn, datt esou Fäll existéieren, mee hien huet awer och ënnerstrach, datt dëst nëmme méi fir e puer Produkter stëmme géif. Souwisou wär jo och bewisen, datt iwwert d’Joren d’Reegelen vun der Welthandelsorganisatioun ëmmer méi gräife géifen an datt d’EU selwer mat villen Drëttlänner, zum Beispill aus dem Afrikanesche, Karibeschen a Pazifische Raum Ofkommes aushandele géif, fir besser a méi gerecht Handelskonditiounen ze schafen.
An dësem Deel vun der Diskussioun war kloer feszestellen, datt déi jonk Leit e grousse Sënn fir Gerechtegkeet matt aanere Kontinenter gewisen hunn an enger gewësser Iwwermuecht vum Grousskapital ganz kritesch géintiwerstinn.
Migration an Immigratioun
Déi massiv Flucht no Europa vun aanere Kontinenter hier, haaptsächlech aus Afrika, hunn e puer vun deene jonke Leit besonnesch Suerge gemaach. Genannt goufe Beispiller vun der Situatioun an Ceuta a Melilla, zwou spueneschen Exklaven an Nordafrika, an och aner dramatesch Biller déi d’Medien eis an d’Haus bréngen goufen ugeschwat.
Vill Froen iwwert d’Politik(en) vun den europäesche Länner vis-à-vis vun deene Flüchtlingen stungen am Raum. De Begrëff vun enger „Festung Europa“ ass gefall. Verschiddener hu gemengt, Europa kéint jo och beim beschte Wëllen a mat aller Sympathie déi Leit net all ophuelen; esouvill Plaz wär an eise Länner guer net.
De Minister huet den Eescht an d’Komplexitéit vun der Flüchtlingssituatioun ëmrass an d’Grënn ugefouert, wéi a firwaat finanziell a wirtschaftlech Hëllef un déi manner entwéckelt Länner ze verstoen ass. Kooperatiounspolitik ass deemno kee „Selbstzweck“; si ass en Ausdrock vu Solidaritéit mat deenen Aarmen an Aermsten. Esou eng Politik ass awer och eng Investitioun an den Opbau vun deene Länner an doduerch anengems an d’zukünfteg Sécherheet vun Europa. Den Nicolas Schmit huet och nach ervirgehuewen: Hëllef zur Selbsthëllef, keng Scheemen imposéieren, keng europäesch Modellen operleeën. D’Entwécklungslänner musse gehollef kréien op hier eege Féiss ze kommen; op déi Manéier gëtt de Risiko vun engem groussen Exodus, ënner anerem no Europa, progressiv ëmmer méi kleng.
D’EU-Osterweiderung an d’Perspektiven doriwwer eraus
D’Grenze vun Europa si vun e puer Schüler ugeschwat ginn. Wou a wéini hale mer op ze erweideren? Wien, dobaussen, ass elo nach wierklech europäesch?
D’Verhandlunge mat der Tierkei si fir verschidde jonk Leit e grousst Fragezeichen; et ass nëmmen e Stéckchen op europäeschem Buedem an huet eng ganz aner Kultur. An dann: wann esou ee riesegt Land erakënnt, da kënne mer och Russland ophuelen, dat schliesslech och nëmmen zu engem klengen Deel an Europa ass.
De Minister Schmit huet vun der Noutwendegkeet vun enger europäescher Perspektive fir déi südosteuropäesch State geschwat, déi schléisslech aus engem bluddege Jorzéngt vu Kricher kéimen an och hier Chance verdéngt hunn. Och um Balkan ass de Projet Europa als alleréischt e Friddensprojet, esou wéi dat an eise Géigenden nom Zweete Weltkrich de Fall war. Bei anere Kandidatestate missten d’Diskussiounen offen an objektiv gefouert ginn; wéi d’Entscheedunge spéider géifen ausfalen, kéint elo nach kee soen.
Am Fall vun der Tierkei huet hien erklärt, datt esouguer wann si, no seriös gefouerte Verhandlungen, net an d’EU erakéim, misst Europa nawell alles maache fir déi beschtméiglechst Relatioune mat deem groussen Noper ze schafen an ze behalen.
D’Ängscht vun de Leit virun enger Iwwerschwemmung vu Migranten aus deenen neie Länner (Aarbechtsplazen, Chômage, Bëllegléin,...) waren e wichtegt Thema fir aner Schüler a Schülerinnen. An deem Zesummenhang huet de Moderateur och dat populistescht Beispill vum sogennante „polnesche Plombier“ an der franséischer Débatt virum Referendum ernimmt. Dësen Ausdrock, deen an nationalistesch, friemefeindleche Kreesser geformt ginn ass, huet deemols d’Franzousen immens veronséchert an ass mat der Diskussioun iwwert eng europäesch Verfassung vermëscht ginn, an engem nationale Sträitgespréich wou schlussendlech alles (Guddes a Schlechtes, Richteges a Falsches) an een Deppen gehéit ginn ass. D’Resultat kenne mer.
Wat d’Suerge vun dn Leit ugeet iwwer Zouwanderung an Konkurrenz um Aarbechtsmaart huet den Här Moutschen als Vertrieder vun der EU-Kommissioun d’Beispill vu Lettland ginn, e Land aus deem laut Statistiken nëmmen 1% vun der aktiver Bevölkerung ausgewandert ass fir an engem aneren EU-Land ze schaffen. D’Letten, wéi all aner Natiounen, si frou mat hierem eegene Land a lafen net esou einfach fort an d’Ongewësst. Den Här Moutschen huet erklärt an engem Gespréich mat Leit aus Lettland hätten si him gesot, datt si wuel doheem nëmmen 800-1000 Euro de Mount géife verdéngen, mee domatter awer e Liewensstandard hätten wéi eng Persoun déi a Westeuropa 4000-5000 Euro verdéngt.
No Analysen vum statisteschen Amt vun der EU, dem Eurostat, hunn an deenen zwee Joer zënter datt déi 10 nei Länner an der EU sinn 1-2 % vun de Leit décidéiert ze migréieren. Dat ass effektiv en extrem niddrege Prozentsaz. Duerfir kann ee roueg behaapten, datt an deenen 2 Joer nach keng Well vun Aarbechtssichenden aus Mëttel- an Osteuropa iwwert de Westen eragebrach ass.
Den Nicolas Schmit sot an deem Kontext, datt déi meeschte vun deenen 15 „aale Memberstaaten“ souwisou mat deenen neien eng Rei Iwwergangsreegelunge fir d’Ouverture vun hiren Aarbechtsmäert festgeluecht hunn. Nëmmen 3 Länner hunn op esou Quoten verzicht (Groussbritannien, Irland a Schweden) an déi Awanderung déi bei hinne stattfonnt huet war durchaus verstänneg an huet hier Wirtschaften ganz gehéierlech dynamiséiert. Lëtzebuerg huet iwwregens och Iwergangsbestëmmungen an mécht säin Aarbechtsmaart einstweilen nëmmen sektoriell op, d.h. do wou kloer Besoinen existéieren.
Kultur an Identitéit
Eng Schülerin huet festgestallt, datt a Lëtzebuerg haut schons 40 % Immigrante wunnen. Wéi geet dat weider ? Gi mir ëmmer manner ? De Moderateur huet, liicht provokant, eng Iwwerleeung zu der typesch lëtzebuerger Minoritéitssituatioun gefouert där mir eis nët ëmmer bewosst sinn, nämlech datt dagsiwwer, wann 120 000 Frontalieren aus eisen 3 Noopeschlänner bei eis schaffe kommen, mir zueleméisseg sowisou immens ënnerleeë sinn. Am Fong si mir nëmme méi nuets a weekends nach „majoritär“.
Kanner vu Migranten (Portugal, Polen) waren nët averstaan mat Aussoe vu vereenzelten vun hiren lëtzebuerger Kolleegen a Kolleeginnen, datt d’Auslänner zevill géifen ënnereneen zesummenhänken, datt verschiddener eis Sprooch net gäre léiere wéilten an anerer nët terribel integratiounsfreedeg wären.
D’Diskussioun ënnert deene Jonken ass nach e grousse Krack méi animéiert ginn wéi ët em d’Terminologie vum deem „Aanere“ gaangen ass: Friemen, Auslänner, Immigrant, Friemaarbechter…? E jonke Mënsch vu portugiesescher Ofstaamung huet sech ferm derfir agesat, datt mer mat esou künstlechen Iwerleeungen ophale sollten; schliesslech wunne mer zesummen a sollen eis och zesumme fir dëst Land asetzen.
Eng aner wichteg Bemierkung déi vu Kanner vun Awanderer gemaach gouf war, datt d’Lëtzebuerger ganz frou mat den Immigrante sinn, déi averstan sinn, déi Aarbechten ze maachen, déi d’Lëtzebuerger selwer net maache wëllen.
Historesch gesinn huet den Här Bohnert drun erënnert, datt déi italienesch a portugiesesch Awanderungen an eist Land am 20. Jorhonnert ee formidabelen Opbau vun eiser Ëkonomie erbäibruecht hunn, deen derzou beigedroen huet Lëtzebuerg zu engem räiche Land ze maachen.
Do wou déi Jonk am meeschten an am intensivsten mateneen diskutéiert hunn an déi verschiddenste Meenungen haten, war den Thema vun der (lëtzebuerger) Sprooch als Identitéit.
Munchereen huet sech och gewonnert oder esouguer beschwéiert, datt d’Schüler hei am Land, an eisem Schoulsystem esou vill Sprooche léiere mussen. Wann mir an d’Ausland géingen, géif och keen sech d’Méi maachen eis Sprooch ze schwätzen. Vill wéissten iwerhaapt emol net wou Lëtzebuerg op der europäescher Kaart léich!
Entgéintgehal gouf deem, datt een als Awunner vun engem klenge Land all Interessi hätt, op d’manst d’Sproche vun senge groussen Noperen ze kënnen a si domat och an allen Hinsichte besser ze verstoen. Dozou koumen och nach Begrëffer wéi: Diversitéit, kulturelle Räichtum, sech kenneléieren an doduerch sech méi ze respektéieren.
Op eng ganz spezifesch Fro vun engem Schüler iwwert den Enseignement vun de Sproochen an och der Tatsaach, dass eis Bevölkerungszesummesetzung an deene läschte Jorzéngten immens changéiert hätt, huet d’Madame Bamberg, vum Educatiounsministär, zouginn, datt et sécher noutwendeg wier vill méi differenzéiert un de Sproochestudium erunzegoen. De Sproochenunterricht misst sech schonns der Entwécklung vun eiser soziologescher Struktur upassen an nët emgekéiert. Am Ministär géif dru geschafft ginn eng Reform auszeschaffen déi der Vielfältegkeet vun der Schoulbevölkerung sollt Rechnung droen. Et wieren och e puer Pisten sériös am Gespréich, mee ët sollt op kee Fall zou enger Situatioun féieren, wou mer zevill zweegleiseg fuere géifen, daat heescht wou mer schlussendlech op de Wee vun enger franséischer an enger däitscher Filière géife goen. Esou e System géif d’Schoulofgänger herno zevill an zwou Kategorien trennen; et misste sécher méi fein an nuancéiert Léisunge gesicht ginn.
Di zwou Stonnen déi d’Versammlung sollt daueren, waren op ee Mol erëmgeflunn. Ee vun de Schlussmessage war en Appell fir e positivt Denken, wëssend datt déi Jonk wuel verständlech Ängschten a Suergen hätten, mee datt et nët sënnvoll wier nëmme pessimistesch oder veronséchert an d’Zukunft ze kucken. Angscht wier e schlechte Beroder.
Um halwe Wee duerch d’Versammlung konnten d’Schüler an hier Gäscht sech e bësschen entspanen an eng ganz dynamesch musikalesch Danzperformance vu Schülerinne genéissen, no där se mat neier Energie d’Gespréicher weiderféiere konnten.
Nodeems de Minister Schmit an den Direkter Bohnert alle Participante villmols merci gesot hunn fir eng lieweg, aktiv an ofwiesslungsräich Débatt, haten eng Dosen Schüler aus deene véier vertruedene Gebäier d’Geleenheet mam Minister an deenen aaneren invitéierte Perséinlechkeeten an der Kantin vum LCD zu Mëttech z’iessen an hier Gesprécher ganz relax weiderzeféieren.
D’Equipe vum europaforum.lu seet op dëser Plaaz all deene villen an engagéierte Leit Merci déi dësen Event erméiglecht hunn.
Si invitéiert Iech alleguer eisen Internetsite besichen ze kommen. Wann Der Loscht hutt, dialogéiert mam Minister Schmit op sengem Blog a réagéiert op d’Commentaire vun Aneren.

